>

E puer Wierder iwwert eis​: Mir hunn 1965 mat engem waarme Seefewaasser, engem Schwamm an engem Lappen ugefaangen, Autoen ze wäschen. An der Tëschenzäit si mir déi beléiftsten Autoswäschanlag vun der Welt ginn a wäschen all Mount Millioune vun Autoen a ganz Europa an Australien. Eis vertraue méi Mënschen fir d'Rengegung a Fleeg vun hirem Auto wéi iergend engem aneren Ubidder op der Welt. Mir bei IMO sinn eng bescheiden Ekipp, mä dat ass eng Leeschtung, op déi mir wierklech stolz sinn.

Déi beléifsten Autoswäschanlag vun der Welt

Wat an eisen Autowäsche passéiert:Eisen Autoswäschprozess ass einfach, nieft eisem einfachste Wäschprogramm (fir eng schnell Wäsch a lass) kann Ären Auto fir d'éischt mat Düse gewäsch ginn, mir nennen dat d'"Virwäsch", déi sech ëm den haartnäckege Schmotz, d'Rieder an d'Récksäit vum Auto këmmert. Da kënnt d'"Haaptattraktioun", eise berüümten Tunnel,, wou Dir (mat eiser Hëllef) Ären Auto mam Fërderband (ënnert dem viischte Rad, op der Chaufferssäit) ausriicht, Iech et dann am Auto bequeem maacht an entspaant (awer nëmme fir dräi Minutten, also net aschlofen), wärend mir de Rescht erleedegen. Mir wäschen Ären Auto mat handgemaachen doucë Schaumstoffbiischten a benotzen ausschliisslech Wäschmëttel a Premium-Qualitéit. Duerno dréchne mir Ären Auto um Enn vum Tunnel. Fir eng vollstänneg Wäsch vun der Karosserie a vum Chassis mat verschiddene Schaumseefen, Wuess a Polymerschutz, empfiele mir Iech eis Wäschprogramme "Triple Foam" oder "Ultra HD", mä och all aner Programme ginn exzellent Resultater a bidden Iech e Service op Mooss, genau dat wat Dir an Ären Auto grad braucht. Mir si ganz ëmweltbewosst, mä méi dozou gitt Dir op eisem Internetsite gewuer. No jorelaanger Erfarung hu mir dat beschtméiglecht Verfaren fir d'Autoswäsch entwéckelt. Mir entwerfen a bauen eisen eegenen Autoswäschtunnel a bezeechnen eis selwer als Experte fir Autoswäsch, also kënnt Dir Iech drop verloossen, datt mir Ären Auto grad esou gär hu wéi Dir.

Handgemaache Wäichschaum-Biischten

Mir schaffen aus enger einfacher Iwwerzeegung eraus: Wann dir Iech ëm Ären Auto këmmert, këmmert deen sech ëm Iech. Behandelt en also mat Léift. All eis Mataarbechter si geléiert ginn, Ären Auto mat Léift ze wäschen an ze fleegen.

D'Liewen ass besser mat Triple Foam

Maacht Iech op de Wee op eng IMO-Autoswäschanlag, an der Gewëssheet, dass mir Ären Auto mat enger Wäsch nees wéi nei maache kënnen.

 

D' Liewen ass eng Rees, déi een am beschten
en engem mat Léift propper gemaachten Auto mécht.